News

Santé

Eng nohalteg Ernärung ass och ëmmer international Solidaritéit

Par LG le 12/02/2018


SOS Faim huet seng Büroe säit 2015 zu Schëffleng a mer ënnerstëtzen d’Gemeng fir d’Bewunner fir eng méi responsabel Consommatioun ze sensibiliséieren

Dräi Véierel vun den aarme Leit op der Welt wunnen a ländleche Géigenden. Besonnesch an Afrika sinn et d’Bauere mat klenge Betriber, Fraen a Kanner déi vun der Aarmut an Honger betraff sinn. Mir schwätze mam Marine Lefebvre vun der ONG SOS Faim iwwer de Lien mat eisem Liewensstil?

 

SOS Faim ass 1993 zu Lëtzebuerg gegrënnt gi fir zesumme géint den Honger an der Welt ze kämpfen. 875 Millioune Leit leiden un Honger an dat all Dag. Oft sinn et déi afrikanesch Klengbaueren, déi duerch Globaliséierung benodeelegt ginn. Eng nohalteg Landwirtschaft ze ënnerstëtzen heescht och ëmmer des Baueren ze ënnerstëtzen andeem si sech duerch hir Aarbecht kënnen ernären. D’Ernärung ass e Recht fir all Mënsch, an dofir musse mer eis asetzen.

  

A wat huet eise Liewensstil mat där Situatioun ze dinn?

Hei konsuméiere mir vill méi wéi mer brauchen! De Landwirtschaftsministère huet mat senger Campagne «Ensemble contre le gaspillage alimentaire» e wichtege Punkt gesat. Mee eng Sensibiliséierungscampagne verhënnert net dass mer elo eis intensiv Landwirtschaftspolitik a Fro stellen, well déi negativ Konsequenze fir d’Entwécklungslänner huet an de Baueren hir Ernärungsproduktioun, an dat schonn eleng doduerch dass mer vill CO2 produzéieren.

 

Wat kann eng Gemeng da maache fir der Liewennsmëttelverschwendung entgéintzewirken?

SOS Faim huet seng Büroe säit 2015 zu Schëffleng a mer ënnerstëtzen d’Gemeng fir d’Bewunner fir eng méi responsabel Consommatioun ze sensibiliséieren. Mer hunn zum Beispill eng Ausstellung zu dësem Thema organiséiert a wëllen och weiderhi mat der Gemeng zesummeschaffen. Doriwwer hinaus hunn d’Gemengen ugefaangen hir Akafspolitik ze iwwerdenken a kucke vu wiem si kafen a wéivill. Konkret heescht dat dass vill Gemenge fir hir kollektiv Kantinne lokal a Bio Produite benotzen.

D’Gemengen hunn eng wichteg Roll ze spille wann et drëm geet wichteg gesellschaftlech Changementer ze bewierken duerch eng besser Akafspolitik fir Nahrungsmëttel, méi Ënnerstëtzung fir Klengproduzenten… mee si kennen och weiderhin international Entwécklungsaarbecht ënnerstëtzen a sech fir eng besser Ëmverdeelung a fir international Solidaritéit asetzen, wat jo och mënschlech beräichernd ass….

 

Méi Informatioun op www.sosfaim.lu

Par LG le 12/02/2018